En détail

Fortbildungsbeschreibung
Vielfalt bestëmmt eis Gesellschaft an den Ëmgang mat Diversitéit ass en wichtegt Zeechen vum Zesummenliewen an enger Demokratie. Allerdéngs bréngt et och alldeeglech Erausfuerderungen mat sech, an Stereotypen an Viruerteeler kënnen zu verschiddene Formen an Stufen vun Diskriminéierung féieren, ob et elo um Hautfaarf, der Relioun oder der sexueller Orientéierung ass.
Dës Weiderbildung bitt éischtens d’Méiglechkeet, sech mat dësen Formen ze befaassen an iwwer d’Grenzen vun der Meenungsfräiheet ze diskutéieren. Zweetens soll et den ErzéierInnen hëllefen, sech op Situatiounen virzebereeden, an deenen Kanner méiglecherweis menschefeindlech Aussoen maachen. Als ErzéierIn weess een oft am Ufank net, wéi een reagéiere soll. Allerdéngs ass et wichteg, dës Aussoen opzegräifen an ze verstoen, wat dohannert stécht. Dës Weiderbildung soll op entspriechend Situatiounen virbereeden, andeem d’Participanten Fallbeispiller analyséieren, hir Standpunkte diskutéieren an iwwer den passende Ëmgang beroden.
Ziele und zu erwerbende Kompetenzen
Ursprong an Formen vun Diskriminéierung kenneléieren
Wou fänkt Rassismus un? Sech kritesch mat de Méiglechkeeten an Grenzen vun der Meenungsfräiheet ausernee setzen
Gesetzlech Lag bezüglech der Meenungsfräiheet zu Lëtzebuerg kenneléieren
Weeër entdecken, wéi een op mënschefeindlech Aussoe vun Kanner reagéiere kann
Handlungsfelder 4: Wäerter, Participatioun a Demokratie
Handlungsfelder 5: Sprooch, Kommunikatioun a Medien
 
 
KETTER TOM 
Enseignant
MENJE
 
ZIMMER Nadia
Enseignant
MENJE

Formateurs

KETTER Tom

Zimmer Nadia