En détail

Fortbildungsbeschreibung 
Dës Formatioun soll d’Participanten mat de Charakteristike vum Suchtverhalen (mat oder ouni Substanzen) vertraut maachen.
D’Formatioun leet méi Wäert op Praxis wéi Theorie andeems se duerch verschidde Situatiounen a Rollespiller, d´Methoden vun der Gespréichsféierung vermettelt.
Des Simulatiounen sollen den Participanten helefen di teschenmenschlech Elementer besser ze verstoen an ze beherrschen, déi Verhalensännerung an Begleedung an esou Situatiounen verbesseren.
D’Formatioun gett flexibel un d´Froen an di erlierwten Situatiounen vun de Participanten ugepasst.
Bei besoin ginn Informatiounen iwwer institutionell Ressourcen an Letzebuerg vermettelt
Ziele und zu erwerbende Kompetenzen 

D´Zieler di erreescht sollen ginn :
· En bessert verstÄndnis dovun wéi sech een Suchtverhaalen duerstellt
· Eng besser Identifikatioun vu Praktiken déi d’Verännerung förderen a behënneren.
· Een Bewosstsinn fir Stäerkten a Verbesserungsberäicher an der eegener Praxis schafen
· E bessert Wëssen iwwer déi institutionell Ressourcen am Grand-Duché de Luxembourg.
 
 
LAMBRETTE Grégory
Chargé de direction, psychologue, psychothérapeute
arcus asbl – Quai 57

Formateurs

LAMBRETTE Gregory