En détail

Fortbildungsbeschreibung
Mir waren alleguerten emol Kand a kennen nach dat Gefill vun der Liichtegkeet vum Spill, wann mir eis ganz onbeschwéiert an eng Aktivitéit fale loosse kënnen, déi anscheinend kee Sënn huet. Tatsächlech wësse mir scho laang, dass d’Spill e ganz wichtege Sënn an der Kandheet huet, mä si mir eis och bewosst wat d’Roll vum Spill am erwuessenen Alter ass? A virun Allem wéi wichteg et ass als Pedagog:in spilleresch ze denken an ze handelen?
An dëser praktesch orientéierter Weiderbildung ginn d’Virdeeler vum spillereschen Denken an Handele veranschaulecht duerch handfest Methoden am Beräich Spill, Reflexivitéit an Improvisatioun. Dir gitt Heem mat frëscher Energie an engem Toolkit gefëllt mat Iddie wéi dir Är Roll als Pedagog:in, Är Motivatioun, Är mental Gesondheet oder esou guer Är Kreativitéit jidderzäit erëm kënnt opfrëschen.
Ziele und zu erwerbende Kompetenzen
D’Participanten
· léieren d’Grondprinzippie vun der Wëssenschaft vum Spill als Erwuessenenalter a wéi si se als Pedagog:in am Spill asetze kënnen
· léieren hier eege Spillperséinlechkeet kennen
· sinn an der Lag méi fräi ze spillen, ob eleng oder mat Kanner
· Materialien, Kierper an Ëmfeld ze benotze fir eng Bréck zwëschen Intellekt a Kierper ze bauen.
 
 
D’INCAU Aurélie
Konschtpedagogin a Kënschtlerin

Formateurs

d'Incau Aurélie