En détail

Vierwat sech aschreiwen ?

  • Psychologesch Sécherheet verstoen
  • Wéi eng Facteure beaflossen d’psychologesch Sécherheet
  • D’Roll vun de Leadere fir d’Promotioun vun der psychologescher Sécherheet
  • Fërdere vun der psychologescher Sécherheet an der Praxis

No dëser Formatioun sidd Dir an der Lag:

D’Zil vun der Formatioun ass et d’Konzept vu psychologescher Sécherheet
verständlech ze maachen an duerzestellen, wéi et kann agesat gi fir méi effizient,
produktiv an inklusiv Equippen ze schafen. Duerch eng Mëschung vu
Presentatiounen an interaktiven Aktivitéite léieren d’Participanten, wéi
si d’psychologesch Sécherheet an hirem Team oder an hirer Organisatioun
promouvéiere kënnen unhand vu praktesche Fäegkeete fir Vertrauen ze schafen,
effektiv ze kommunizéieren an eng Kultur vum Respekt, vun der Offenheet an der
Zougehéieregkeet z’implementéieren.

Um Enn vun dëser Formatioun, sinn d’Participante fäeg :

  • Psychologesch Sécherheet an d’Wichtegkeet dovun op der Aarbechtsplaz ze
    definéieren.
  • D’Facteuren ze identifizéieren, déi e positiven oder e negativen Impakt op
    d’psychologesch Sécherheet hunn.
  • Fäegkeeten ze entwéckele fir Feedback ze ginn an ze kréien, aktiv ze
    lauschteren an effektiv ze kommunizéieren, fir d’psychologesch Sécherheet
    ze fërderen.
  • D’Roll vum Leadership am Schafe vun engem psychologesch sécheren
    Aarbechtsëmfeld ze erkennen.
  • D’Barrièren am Fërdere vun der psychologescher Sécherheet ze erkennen a
    ze iwwerwannen

Méthoden

  • Theoretesche Virtrag
  • Austausch an der Grupp
  • Praktesch Aufgaben

Gutt ze wëssen :

Dës Formatioun ass Deel vum engem Zykel aus der Formatioun – Masterclass Management SEA

Formateurs

Daniela Arede

FEDAS Luxembourg asbl