En détail

Fortbildungsbeschreibung:
An dëser Formatioun gëtt e déifgrënnegt Verständnis vum Mënsch vermëttelt an et léiert een, säin eegen Verhalen besser ze verstoen. Et beschäftegt een sech intensiv mat verschiddene Aspekter vum mënschlechen System an et gëtt duergestallt, wéi Erfarungen an Iwwerzeegunge eist Verhalen beaflossen kennen. E wichtegen Fokus leit op der Traumapedagogik, wou Dir en detailléiert Verständnis vun de Begrëffer « Triggerpunkter, Flashback an Trauma » iwwermëttelt kritt. Dëst Wëssen ass entscheedend, fir Traumatiséierungen am beruffleche an privaten Kontext ze verstoen. Een aneren Schwéierpunkt leit op der Selbsterkennung, déi Dir duerch Achtsamkeets- an Selbstreflexiounübungen an d´analyséieren vun ären d’Liewensstrategien kritt. Des erlaabt Dir, deng eegen Bedürfnisser an Grenze méi genau ze erkennen an déi richteg Methoden ze ergräifen, fir deng mental Gesondheet ze fuerderen. Eng Methodik dovun ass Selbsthypnose, dëst wäert Dir leieren ze praktizéieren an kennen Doheem unzewenden.
Ziele und zu erwerbende Kompetenzen:
D’Zil vun dëser Formatioun ass et, pedagogesche Fachkräften de Raum ze ginn, sech selwer besser kennen ze léieren, wouduerch Aarbecht gestäerkt gëtt an professionell Kompetenzen weider entwéckelt ginn. Dëst erméiglecht, en positiven Afloss op mental Wuelbefannen ze hunn an op dat vun den Clienten.
Kompetenzen:
Duerch d’Ausernanersetzung mam mënschlechen System an da Traumapedagogik soll e déifgrënnegt Verständnis vum Mënsch entwéckelt ginn. Et léiert een, wéi Erfarungen, Iwwerzeegunge d’Verhalen an d’Handelen beaflossen. En ëmfangräicht Verständnis vun « Traumatas » an Auswierkungen op d’Gehier ginn iwwermëttelt, fir Traumatiséierungen am beruffleche Kontext besser ze verstoen. Et léiert een och d’Wichtegkeet vun Achtsamkeet, Selbsthypnose an Stressbewältigungstechniken kennen. Dozou gehéiert och den Opbau vu engem individuellen « sécheren Hafen » ze erschafen an do kennen Stress ofzebauen.
 
 
Mandy HUBERTY
éducatrice graduée, diploméiert Hypnosetherapeutin (NGH), (Traumapädagogin 2024)

Formateurs

Huberty Mandy