En détail

Fortbildungsbeschreibung
D’ Elteren sinn blöd, d’ Schoul nervt, an d’ Liewen ass fierchterlech ustrengend – gemengt ass déi Zeit zwëschent 11 an 18 Joer, och Pubertéit genannt. Fir d’ Jongen an d’ Meedercher an deem Alter ass d’ Liewen eppes wéi eng grouss Baustell: de Kierper verännert sech all Dag ee bëssen méi, an och am Gehier geet alles duercherneen. An wéi wann dat dann nach net genuch wier, stierzt deen éischten Liebeskummer déi Jugendlech och nach an een Gefillschaos. Fir d’Famillienliewen heescht dat oft näischt Guddes, wann Kanner an d`Pubertéit kommen. Deen grad nach sou frouen Nowuess zitt sech op eemol zeréck, reagéiert trotzeg op Ufuerderungen, orientéiert sech éischter un den Frënn als un den Elteren an wéisst eng bedenklech Tendenz zu risikohaftem Verhalen, Drogen an Alkohol. Dat Konzept leent sech un déi konfrontativ Pädagogik, déi beseet dass een den Jugendlechen verstoen kann, awer net ëmmer averstan muss sinn.
Ziele und zu erwerbende Kompetenzen
Participanten léieren mat schwieregen Alldagssituatiounen déi an der Famill oder Grupp virkommen kennen, ëmzegoen.
Matt den Participanten gëtt praktesch erprouwt, wéi Gewalt an Eskalatioun mat den Puberteiernden kann verhënnert ginn.
Et ginn Konfliktléisungsméiglechkeeten gewisen an ausprobéiert.
Participanten léieren sech selwer wouer ze huelen an kennen eraus fannen wou hier perséinlech Baustellen léien an wéi domat ëmgoen.
Duerch vill praktesch Übungen gëtt den Participanten hier Kierper Sprooch bewosst gemaach.
 
HOLTGEN Nancy 
Sozialpädagogin
Systemische Antigewalt- und Deeskalationstrainerin SAGT
Fortbilder-Qualifikation in Konfrontativem Stil (KonSt®)
Fachberaterin Mobbing MoPI
Life Coach
Traumapädagogik/Traumafachberatung
NH Lifecoaching & Training
 
 
 
 

Formateurs

HOLTGEN Nancy