En détail

D’Natur ass ee Bildungsort an deem méi Handlungsfelder vun der non-formaler Bildung kënne opgegraff ginn. D’Participante kréien d’Méiglechkeet d’Naturpädagogik ze entdecken oder hir Kenntnisser ze erweideren.
An dëser Formatioun geet et drëms duerch, Spiller a praktesch Aktivitéiten, d’Joreszäit “Summer” an d’Natur selwer ze erliewe fir et herno an der Praxis ze integréieren. “Learning by doing a flow learning” steet ëmmer am Vierdergrond.
Ee weidere Schwéierpunkt wäert den Austausch an d’Vernetzung vun de Participante sinn. Interessant ass et besonnesch fir déi wou schonn an hirer Struktur Aktivitéiten an der Natur ubidden an ëmsetzen. Et ass dann eng gutt Geleeënheet iwwert d’Erausfuerderung auszetauschen, praktesch Léisungen ze deelen an zesummen iwwert aner Méiglechkeeten nozedenken.
D’Haaptzil vun dëser Formatioun ass d’Participanten dozou ze motivéieren, sech kontinuéierlech weider ze entwéckelen an hir eegen naturpädagogesch Haltung unzeenëgen.
Zum Schluss vun der Formatioun kréien d’Participant verschidden Hand-Outs zu den Aktivitéiten an Themen déi behandelt gi sinn.

Formateurs

Theresia MOELTER