En détail

Inhalt

A wat, wann Aktivitéiten an der Natur e festen Deel vum edukativen Alldag géifen ausmaachen – zu all Joerzäit?

Dës Formatioun iwwer 1,5 Deeg fënnt an der Natur statt a ënnerstetzt Fachleit aus Crèchen a Maisons Relais bei der Transitioun zu enger fräier, naturnaher Pädagogik, am enke Bezuch op d’Entwécklung vum Kand an op déi pedagogesch Ziler.

Schrëtt fir Schrëtt erliewen d’Participanten:

  • hir perséinlech Bezéiung zur NAtur an doriwwer hir Motivatiounen a Bedenken
  • eng spezifesch pädagogesch Haltung dobaussen, déi op Beobachtung a Vertraue opgebaut ass
  • d’Ëmgoe mat Risiken a mat Hygiène am Fräien
  • d’positiv Auswierkungen vun Drausse sinn op motoresch, sensoresch, emotional a kognitiv Entwécklung
  • wéi Kréativitéit duerch natierlech Materlialen erwächt ka ginn
  • wéi een pädagogesch ZIler a passend Naturaktivitéiten ëmsetze kann, oder ëmgekéiert, wéi ee gesammelten Erfahrungen am Kader vum Nationale Referenzkader ka valoriséieren

Eng konkret, praktesch a lieweg Formatioun, fir d’Natur nohalteg an d’pädagogesch Aarbecht anzebannen. 

Ziler

D’Motivatioun an d’Haltung vun de Fachleit stäerke, fir d’NAtur lieweg an hir Alldagspraktiken anzebannen

  • Perséinlech a kollektiv am Zesummenhang mat Aktivitéiten am Fräien erkennen an iwwerwannen
  • D’Wierkungvum Naturkontakt op d’ganzheetlech Entwécklung vum Kand verstoen
  • Aktivitéiten entwéckelen, déi mat de pädagogesche Richtlinne vun der non-formeller Bildung iwwereneestëmmen
  • Sécher, kreativ an direkt uwendbar Aktivitéiten dobaussen ausschaffen an ëmsetzen 

Methoden

  • Praktesch Übungen
  • Erfahrungsaustausch an Diskussiounen am Grupp oder zu zwee
  • Participativ Observatioun a pädagogesch Dokumentatioun
  • Eng immersiv an interaktiv Approche, déi um Terrain verankert ass 

Formateurs

Isabel Van de Voorde