En détail

Inhalter

Wéi entdecke Kanner Bicher par Rapport zu
Erwuessener? Liesen oder lauschteren si fir d’éischt, oder kucken si fir
d’éischt Biller? Wat zitt hir Opmierksamkeet un?  Zesumme léiere mir méi
iwwert de Rezeptiounsprozess vu Bicher bei Kanner. A wéi enge Beräicher vum
Contenu vu Bicher besteet e Risiko vu Stereotyppen? A firwat si Stereotyppen e Risiko?
Ass et nach ubruecht de Kanner Bicher ze gi wou just eng Mam an der Kichen ze
gesinn ass? Kann ech nach Bicher iwwer « afrikanesch » Kanner liesen?
Bicher mat engem Kand am Rollstull sinn dach inklusiv, oder?

Eis Gesellschaft hei zu Lëtzebuerg ass esou heterogen
ewéi nach ni. Esou vill verschidde Kulture liewen zesummen. D’Kanner feiere
verschidde Fester, schwätze verschidde Sproochen, hunn ënnerschiddlech
Familljekonstellatiounen Doheem asw. Eis transculturel an inklusiv Gesellschaft
rifft no diversen a representative Kannerbicher. Op wat muss ech awer oppasse
wann ech Kannerbicher eraussichen? Wat sinn d’Krittäre vun engem gudde
Kannerbuch, wéi eng Stereotyppe sollt ee vermeiden? Fir all de Kanner di bescht
méiglechst Bicher ze bidde fir hir schoulesch Kompetenzen, hir perséinlech
Entwécklung an Integratioun an d’Gesellschaft ze fërderen, muss ech mir bewosst
sinn iwwert meng eegen « rosa-rote Brille » an dee vun der
Gesellschaft.

Zieler

  • D’Erzéier*innen léieren
    d’Ënnerscheeder am Rezeptiounsprozess vu Kannerbicher bei de Kanner a bei den
    Erwuessene kennen
  • D’Erzéier*innen  appreciéieren d’Wichtegkeet vum
    Allgemengwësse beim Liesen a beim Bicher kucken an entdecken den Impakt vun der
    Kultur an dem sozialen Ëmfeld am Allgemengwëssen
  • D’Erzéier*innen léieren
    d’Risike vun enger stereotypescher Duerstellung vun Personnagen an der
    Kannerliteratur kennen
  • D’Erzéier*innen entdecken
    d’Wichtegkeet vun enger diverser a representativer Offer vu Kannerbicher fir
    d’Selbstwertgefill, d’Identitéitsentwécklung, d’Integratioun an
    d’Liesmotivatioun vun de Kanner

Methoden

  • Kuerzen theoreteschen Input
  • Praktesch Impulser
  • Gruppenaarbecht
  • Austausch

Formateurs

Charlotte Reuter