En détail

Fortbildungsbeschreibung
Akzent op d’Visibilitéit op de soziale Medien, an Hand vu verschiddene Méiglechkeete fir seng Zilgrupp ze erreechen an en authentesche Service un d’Elteren ze proposéieren.
Är Aarbecht als Dageseltere verlaangt eng gewësse Präsens, fir iech mat ärer pedagogescher Aarbecht visibel ze maachen. Hautesdaags, kënne mir vun der Visibilitéit profitéieren déi eis d’Sozial Medie ginn. Duerch dës Formatioun, kritt dir en Abléck an déi verschidden Applikatiounen op de Soziale Medien (Instagram a Facebook) an dir léiert dës am professionelle Kontext ze benotzen.
Dës weideren, dauche mir och an aner Aspekter an, ewéi Fotoe vun Alldags Momenter ophuelen, an deem s een d’Privatsphär vum Kand respektéiert, an dës fir seng Visibilitéit benotze kann.
Mir entdecken och wéi d’Applikatiounen IG a FB ze notzen an d’Bild vu senger Aarbecht als Selbststännegen, doduercher ze promouvéieren.
Mir wäerten och entdecken ewéi mir den Elteren eng authentesch Prestatioun kënnen ubidden.
Ziele und zu erwerbende Kompetenzen
· Identifizéiere vu sengem eenzegaartege Wiedererkennungswäert als Dageselteren.
· Entdecken, kenne léieren an opbaue vun engem professionelle Konto op IG fir seng Visibilitéit als Dageselteren ze promovéieren.
· Entdecke vun der private Gruppe Funktioun op FB fir den Alldag mat den Elteren ze deelen.
· Léiere säi Feed vu sengem Konto mat qualitativem Inhalt ze fëllen an dëst op eng ästhetesch Aart a Weis.
· Léiere Momenter op Foto festzehalen an deem s een d’Kanner respektéiert.
· Léiere sech visibel ze maache mat Hëllef vu verschiddene Méiglechkeeten déi d’Sozial Medien eis erméiglechen (verschidde Pousten a Inhalt Méiglechkeeten, Storien, privat Grupp FB fir d’Elteren).
· En authentesche Service un d’Elteren ze proposéieren.
 
 
TRAVERSINI Tania
Bachelier institutrice préscolaire, Indépendante. Photographe

Formateurs

Traversini Tania