En détail

Inhalter

Am Kader vum Plurilinguismus an der petit enfance,
awer och nach duerno ass, et wichteg fir Geschichten a senger Häerzensprooch ze
héieren an ze liesen. Wat e Kand seng Häerzensprooch an den éischten dräi Joer
besser beherrscht, wat d’Chance fir den akademesche Succès méi an d’Luucht
ginn. A wie vill liest, liest méi schnell a versteet och méi. Dës Lieskompetenz
ass och fundamental fir an der Schoul mat virun ze kommen. Dofir, firwat net
weider a senger Häerzensprooch Geschichte liesen a lauschteren?  Dat kënnt
och deenen anere Sproochen ze gutt.

Mee wou kommen ech u Bicher, déi net an den übleche
Schoulsprooche geschriwwe sinn? A wou fannen ech Bicher déi d’Original an eng
Iwwersetzung am selwechte Buch ubidden? Op wat muss ech oppasse wann ech
bi-oder multilingual Bicher kafen? Kann ech d’Eltere froe fir mir ee Buch
z’iwwersetzen, wann ech näischt um Bichermaart an enger bestëmmter Sprooch
fannen?

Wéi kann ech e bi-oder multilingualt Buch virliesen? Ginn
et do verschidde Methoden? Op wat muss ech oppassen?

Zieler

  • Erzéier*innen léiere
    Qualitéitskrittäre vun engem guddem bi-oder multilingualem Buch kennen
  • D’Erzéier*innen
     entdecke verschidde Verläg vu bi-a multilinguale Bicher
  • D’Erzéier*innen
     entdecke verschidde Methode fir mat bi-a multilinguale Bicher ze schaffen

Methoden

  • Kuerzen theoreteschen Input
  • Praktesch Impulser
  • Gruppenaarbecht
  • Austausch

Formateurs

Charlotte Reuter