En détail
Une formation en coopération avec / Eine Fortbildung in Zusammenarbeit mit
Contenus / Inhalte
Dës Formatioun
ass eng éischt Aféierung fir d’Benotzung vum Guide Let’s Talk about Sex!.
D’Formatioun beinhalt Informatiounen zu der affektiver a sexueller
Gesondheet an traitéiert d‘Kapitel 5 vum Guide, waat sech mat sexuelle Rechter
a Gewalt beschäftegt.
Fir sech dem Thema vun der
sexualiséierter Gewalt unzehuelen, ass et wichteg d’Mechanisme vun der Gewalt,
d’Strategië vun den Täter.innen an d’Konsequenzen fir déi Betraffen ze
verstoen. Mir diskutéieren iwwer d‘Sensibiliséierung vun de Jonken zum Thema
Konsens an zu de Formen vu sexuellem Mëssbrauch; mir schwätzen och doriwwer,
wéi wichteg et ass, sech ze offenbaren, wann et zu engem Iwwergrëff kënnt. Fir
d’Enseignanten op dës spezifesch Präventiounsthemen ze preparéieren, wäerte mir
och op hier berufflech Haltung agoen.
Dës Formatioun soll déi
Professionell doran ënnerstëtzen, de Jugendlechen ob hier Froen iwwer sexuell
Rechter a Gewalt ze äentweren.
Weider Informatiounen zum
LTAS-Projet an d’Formatioun fannt Dir um folgenden Link: https://cesas.lu/accueil/projets/lets-talk-about-sex/
Méthodes / Methoden
- Présentation Power Point
- Gruppendiskussioun
- interaktiv
Übungen
Objectifs / Ziele
De
Projet Let’s Talk about Sex! geet weider. Dir schafft mat
jonke Leit an Dir wëllt gäre wëssen, wéi ee sexuell Bildung sënnvoll an
attraktiv gestalte kann andeems een d’Froe vun de Jonken opgraift. Besicht eis
Formatioune vun Expert‘en zu verschiddenen Theme vun der affektiver a sexueller
Gesondheet: Anatomie a Verhütung, Diversitéit, IST, Präventioun, a méi.
Zil :
D’Participant’e kréien en Abléck
an :
- d‘sexuell
Rechter an den Aspekt vum Konsens; - den
Ënnerscheed tëscht gesonden an ongesonden Bezéiungen; - déi
verschidde Forme vu sexualisiéierter Gewalt.
Wëssen :
D’Participant’en si kapabel :
- sexuelle
Mëssbrauch an engem sécheren a vertrauensvolle Kader ze beschwätzen; - Forme vu
sexualiséierter Gewalt, hir Mechanismen an d’Täterstrategien ze erkennen; - hir eege
Limite ze identifizéiren; - de legale
Kader besser ze verstoen - Betraffener
ze informéieren an Netzwierkaarbescht ze leeschten
Formateurs
FEDAS Luxembourg asbl
Julie Da Fonseca