En détail

All Educateur/trice, déi mat Primärschoulkanner schaffen an déi neit  Wëssen  wëllen entdecken an enger spillerescher Bezéiung mat der Zirkuskonscht. Dëst ass fir Kanner ab 6 Joer an all psychomotoresch Niveauen. D’Konkurrenz  huet oft den Effekt datt déi fragilst munchmol op der Streck bleiwen, wärend déi net kompetitiv Pädagogik vum Zirkusëmfeld Plaz schaaft fir déi Kleng, déi grouss, déi schnell a lues, déi schei an extrovertéiert Kanner.  Dank senge  multipelen Techniken  bitt Zirkuskonscht eng grouss  Ouverture fir sech perséinlech weider ze entwéckele. Si dréit zum Erwächen vun der Perséinlechkeet bäi, andeems se jidderengem erlabt hir kierperlecht a kreatiivt Potenzial an hirem eegenen Tempo z’entwéckelen. An dëser Formatioun klemmt den Educateur/trice  erëm an d’Roll vum Schüler/in. Dëst erlaabt hinnen d’Komplexitéit vun neie Situatiounen  erëm nei z’entdecken. Déi lëschteg a kollektiv Approche vun dëser Formatioun gëtt jidderengem  e weidert  pädagogescht Instrument  fir saïn Vokabulär am Feld auszebauen 

Formateurs

Marc Strasser