En détail
Contenu et objectifs
An der Konferenz Jonker staark maachen, exzessiivt Verhale bremsen – Preventioun am non-formale Jugendberäich geet et drëm, mat Jugendaarbechter:innen an anere Jugendacteuren de Fokus op exzessiivt Verhalen a senge verschiddene Formen ze setzen. Hei soll als éischt eng Definitioun vum Theema an de Begrëfflechkeete stattfanne fir dono d‘Grënn a verschidde Volete vum exzessiive Verhale bei Jonken ze beliichten. D’Participante solle sech den Unzeeche fir exzessiivt Verhale bei Jonke bewosst ginn a Preventiounsméiglechkeete kenneléieren, ouni austestend Verhalen am Jugendalter komplett ze ënnerbannen. Fir Iddien zur Preventioun vu Risikoverhalen ze kréien, kënnen d’Participanten sech um Input vun der Table ronde an engem Praxisbeispill inspiréiere loossen.
Compétences à acquérir
- Wëssen zu de verschiddene Volete vum exzessiive Verhale bei Jonken (zB Glécksspill, Substanzen, Medien,…)
- Wëssen, wéi een exzessiivt Verhalen, Ofhängegkeet a Sucht bei Jonken definéiert
- Wëssen, wat Grënn fir exzessiivt Verhale kënne sinn
- Wëssen, u wéi enge Faktoren een exzessiivt Verhale kann ausmaachen
- Wëssen, wéi ee preventiv op exzessiivt Verhale reagéiere kann
- Haltung, dass déi Jonk sech austeste sollen a gläichzäiteg viru schiedegendem Verhalen geschützt gi sollen
- Vernetzungskompetenz mat anere Jugendhaiser a -servicer souwéi mat lokale, regionalen an nationalen Acteuren am Beräich vun der Preventioun
- Distanz zur eegener Aarbecht duerch eng Reflexioun an der Gruppendiskussioun an duerch ee Praxisbeispill vun engem anere Jugendacteur aus Lëtzebuerg
Méthodes appliquées
- Presentatiounen (LU, DE)
- Praxisbeispill (LU)
- Gruppendiskussiounen (LU, DE)
- Table ronde mat aktiver Bedeelegung vun de Participanten (LU, DE)
Formateurs
Dr. Andreas König – ZEV
Oliver Stanislowski – ZEV
Dr. Tobias Hayer – Uni Bremen
Bob Zeimet – SOLINA
Aka Bamberger – CNAPA
Christian Thiel – CNAPA
Merlin Rastoder – BEE SECURE
Debora Plein – BEE SECURE
Nicolas Hirsch – respect.lu
Peter Kagerer – respect.lu
Kelly Gomes – Outreach Jugendtreff Déifferdang
Daniela Dario – DG Jeunesse MENJE
Kevin Oestreicher – Jugendhaus Woodstock
Patricia Rodrigues Antunes – Jugendhaus Woodstock