En détail

Contenu et objectifs

Dës Formation continue vermëttelt de Mataarbechter & Mataarbechterinne aus de Maison relais’en wéi si spilleresch d’Koordinatioun an d’Balance vu Kanner fërdere kënne. Entdeckt hei kreativ a ofwiesslungsräich Spiller, déi d’Vertrauen an d’Beweegungsfreed vun de Kanner stäerken an déi een einfach an den Alldag vun enger Maison relais integréiere kann.

Compétences à acquérir

  • Ënnerschiddlech Beweegungsforme kenneléieren a selwer ausprobéieren
  • Notzen a Prinzippie vun den Übungen fir d’Entwécklung vu Kanner erkennen
  • Übunge fir Kanner plangen an ëmsetze kënnen. Prozess begleeden a konstruktiv drop reagéieren.
  • Risiken a Geforen erkennen a virbeugen
  • Inhalt vun der Formatioun analyséieren a reflektéieren (op eegene Gebrauch)

Méthodes appliquées

  • Kuerz theoretesch Aleedung a Begleedung
  • De Schwéierpunkt läit op der praktescher Ëmsetzung an Eegenerfarung vun den Teilnehmer

Formateurs

KIRCH Jeff