En détail
Contenu et objectifs
Wärend dem Nomëtte geet et ëm den Asaz vun digitalen an analoge Spiller an der formaler an non-formaler Bildung mat Jonken ab 10 Joer.
Et gëtt als éischt een Escape Game ugebueden, wou d’ Thematik vum Spill an d’ Kenneléieren tëscht Personal aus dem formalen an non-formale Secteur am Fokus steet. Dono gi Workshop-Packages zu verschiddenen Theemen ugebueden, mat jeeweils engem theoreteschen an engem praktesche Workshop. Fir sech weider an d’ Matière vum Asaz vu Spiller eranzeschaffen, kritt all Participant-e och ee Guide/Booklet mat weidere Materialien a Ressourcen ausgedeelt.
Programm:
13.30: Accueil
14.00: Introductioun
14.15-15.00: Escape Game
15.00-15.15: Paus
15.15-16.30: Workshop Sessioun 1
16.30-16.35: Paus
16.35-17.50: Workshop Sessioun 2
17.50-18.00: Ofschloss
Compétences à acquérir
Wëssen:
D’Particpant-e-s kennen:
– d’ Bedeitung vum Spill am Kontext vun der Entwécklung a vum Léieren
– Léierpotenzialer a -grenze vun digitalen an analoge Spiller
Fäegkeeten:
D’Particpant-e-s sinn an der Lag:
– Spill am Kontext vun Entwécklung a Léieren ze veruerten
– d’ Bedeitung vum Spill fir d’ Entwécklung a Léieren ze erkennen an ze reflektéieren
Haltung:
D’Particpant-e-s:
– reflektéiere selbstkritesch déi eegen Astellung souwéi den eegenen Ëmgang mat digitalen an analoge Spiller
– setze sech mat de Méiglechkeeten a Grenze vum spillende Léieren auserneen
Méthodes appliquées
- Escape Game (LU)
- Workshops (LU, DE, FR, EN)
- Guide/Booklet (LU, DE, FR, EN)
Formateurs
Rua Csarno – BTS Game Programming & Game Design/Game Designer
Tom Hildgen – Teacher/M.A. Msc Medien-/Spillpädagog
Laurent Langehegermann – PhD Candidate at the University of Luxembourg
Ben Schreiner – IFEN - Instituteur spécialisé en compétences numériques
Sven Fournelle, – IFEN - Instituteur spécialisé en compétences numériques
Chris Krier – IFEN
Mira Sorrentino – respect.lu - Centre contre la radicalisation
Oliver Stanislowski – Medienpädagoge Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht (ZEV)
Griska Lutgen – SNJ
Joël Wealer – IFEN
Bruno Teheux – DMATH - Université du Luxembourg
Hugo Parlier – DMATH - Université du Luxembourg