En détail
FUNDAMENTALS TEAM LËTZEBUERG ass eng Beweegungsgeschicht, déi d’Kanner zur Beweegung animéieren an hir motoresch Entwécklung fërdere soll.
An dëser Formatioun gëtt erkläert, wéi d’Beweegungsgeschicht fonctionéiert an am Alldag ëmgesat ka ginn.
D’Participante léiere villfälteg Beweegungsiddie kennen, mat deenen déi 12 motoresch Beweegungsfertegkeeten aus der Beweegungsgeschicht entwéckelt kënne ginn (Sprangen, Lafen, Geheien a Fänken, Balancéieren…).
D’Aktivitéiten, déi an dëser Formatioun gewise ginn, kënnen op klengem Raum, mat vill oder wéineg Material an mat groussen oder klengen Gruppen ëmgesat ginn.
En Collaboration avec INAPS
Remarque:
Dës Formatioun ass praxisorientéiert an d‘Spiller gi selwer ausprobéiert. Dofir ass et vu Virdeel Sportskleeder an -schong unzedoen.
Weider Formatioune sinn:
- FUNdamentals Team Lëtzebuerg – Beweegungsaktivitéiten an der Sportshal
- FUNdamentals Team Lëtzebuerg – Beweegungsaktivitéite fir dobaussen
- FUNdamentals Team Lëtzebuerg – Beweegungsaktivitéite fir dobannen an dobaussen
Formateurs
Frank Link