En détail

FUNDAMENTALS TEAM LËTZEBUERG ass e Konzept, mam Zil fir d’Kanner zur Beweegung z‘animéieren an hir motoresch Entwécklung ze fërderen.

An dëser Formatioun léieren d’Participante villfälteg Beweegungsiddie kennen, mat deenen déi 12 motoresch Beweegungsfertegkeeten aus der Beweegungsgeschicht entwéckelt kënne ginn (Sprangen, Lafen, Geheien a Fänken, Balancéieren…).

D’Aktivitéiten, déi an dëser Formatioun gewise ginn, kënnen an enger Sportshal mat vill oder wéineg Material a mat groussen oder klenge Gruppen ëmgesat ginn.

 

Dës Formatioun gëtt an Zesummenaarbecht mam Institut national de l’activité physique et des sports (INAPS) duerchgefouert :

 

INAPS

Remark:

Dës Formatioun ass praxisorientéiert an d‘Spiller gi selwer ausprobéiert. Dofir ass et vu Virdeel Sportskleeder an -schong unzedoen.

 

Weider Formatiounen aus dem Konzept FUNdamentals Team Lëtzebuerg sinn:*

  • FUNdamentals Team Lëtzebuerg – Tipps an Tricks zur Beweegungsgeschicht an der App
  • FUNdamentals Team Lëtzebuerg – Beweegungsaktivitéite fir dobaussen
  • FUNdamentals Team Lëtzebuerg – Beweegungsaktivitéite fir kleng Räim

*D’Formatioune sinn net openeen opbauend a kënnen onofhängeg vunenee besicht ginn.

 

Formateurs

Philippe Peters