En détail

FUNDAMENTALS TEAM LËTZEBUERG ass eng Beweegungsgeschicht, déi d’Kanner zur Beweegung animéieren an hir motoresch Entwécklung fërdere soll.

An dëser Formatioun gëtt erkläert, wéi d’Beweegungsgeschicht fonctionéiert an am Alldag ëmgesat ka ginn.

D’Participante léiere villfälteg Beweegungsiddie kennen, mat deenen déi 12 motoresch Beweegungsfertegkeeten aus der Beweegungsgeschicht entwéckelt kënne ginn (Sprangen, Lafen, Geheien a Fänken, Balancéieren…).

D’Aktivitéiten, déi an dëser Formatioun gewise ginn, kënnen dobaussen, mat vill oder wéineg Material a mat enger klenger oder grousser Grupp ëmgesat ginn.

INAPS

 

En Collaboration avec INAPS

Remarque:

Dës Formatioun ass praxisorientéiert an d‘Spiller gi selwer ausprobéiert. Dofir ass et vu Virdeel Sportskleeder an -schong unzedoen.

 

Weider Formatioune sinn:

  • FUNdamentals Team Lëtzebuerg – Beweegungsaktivitéite fir dobaussen an dobannen
  • FUNdamentals Team Lëtzebuerg – Beweegungsaktivitéiten an der Sportshaal
  • FUNdamentals Team Lëtzebuerg – Beweegungsaktivitéiten op klengem Raum / Motorikraum

 

Formateurs

Philippe Peters