En détail

Fortbildungsbeschreibung
An dëser verdéiwender Formatioun am Centre Formida konzentréiere mir eis op dei ästhetesch Présentatioun a Notzung vun ondéfinéierte Spill- a Baumaterialien, déi eng dauerhaft Plaz a verschidde Funktiounsräimlechkeeten solle kréihen.
Reschtmaterialie sinn aussergewéinlech Ressourcen a si wonnerbar an engem pedagogesche Kontext als Spill- a Baumaterialien asetzbar. Entdecken, bauen, spillen, staunen – a léieren! A wéi kann een zudeem dës Materialien op eng nohalteg Aart a Weis ëmmer rëm gebrauchen? Wat sinn d’Virdeeler vu Reschtmaterialien a wéi kann ech déi attraktiv am Spill- a Bauraum integréieren?
Dës praktesch orientéiert Formatioun gëtt de Participant:innen nei Iddie fir déi villsäiteg Notzung vun ondefinéierte Formida-Materialien a senger Struktur. De Fokus läit heibäi op der Materialerfahrung, der Raumgestaltung an dem Asaz vun externe Luuchtquellen, der geziilter Materialauswahl an der nohalteger Notzung vun dëse Materialien.
Ziele und zu erwerbende Kompetenzen
· Verdéiwung an d’Welt vun ondefinéierte Reschtmaterialien an hiren onendlechen (Ausdrocks-) Méiglechkeeten
· Vermëttlung vun enger oppener Haltung vis-à-vis vum Kand
· Beobachtung an Dokumentatioun als wichteg Outile vun der pedagogescher Aarbecht an der Wäertschätzung vum Kand
· Kenneléiere vu verschiddene Méiglechkeete fir ze Konstruéieren an ze Bauen
· Kenneléiere vun oppener Projetsaarbecht
 
 
ÖZEN Sarah 
Kommunikations- und Mediendesign
Centre Formida, arcus a.s.b.l.
 
HARTMANN Anouk 
Kultur- und Medienpädagogin
Centre Formida, arcus a.s.b.l.
 

Formateurs

HARTMANN Anouk

ÖZEN Sarah