En détail

Fortbildungsbeschreibung
An dëser verdéiwender Formatioun am Centre Formida konzentréiere mir eis op d’Ëmsetzung vun oppener Projetsaarbescht mat verschiddenen Bastel- a Gestaltungstechniken.
Bastels du nach oder Gestalts du schonn? Fort vun der Bastelaktivitéit an hin zur oppener Projetsaarbecht an zum fräie Gestalte mat verschiddenen Techniken! Schneiden, Molen, Stempelen, Skulptéieren, Fuschen, modeléieren….! Andeems ee Kanner gestalteresche Fräiraum léisst, an si mat Materialien experimentéieren an nei Techniken ausprobéiere léisst, gi Fantasie a Léierprozesser ugekuerbelt a Kreativitéit gefërdert.
Dofir brauch ee villfälteg Materialien, déi bewosst gewielt a presentéiert ginn, mee och eng oppen Haltung, déi sech op d’Interesse vum Kand an de Léierprozess beim Recherchéieren, Probéieren a Gestalte fokusséiert.
Ziele und zu erwerbende Kompetenzen
· Verdéiweung an d’Welt vun ondefinéierten Reschtmaterialien an hieren onendlechen (Ausdrocks-) Méiglechkeeten.
· Vermëttlung vun enger oppener Haltung vis-à-vis vum Kand
· Beobachtung an Dokumentatioun als wichteg Outilen vun der pedagogescher Aarbescht an der Wertschätzung vum Kannd
· Nohaltegen Emgang mat Materialien bei der kreativer Aarbescht léieren
· Kenneléieren vun verschiddenen Gestaltungstechniken an Méiglechkeeten
· Op d’Interesse vum Kannd agoen an oppen Projetsaarbescht ferderen
· Alternativ Verbindungstechniken kenneléieren
 
 
HARTMANN Anouk
Kultur- und Medienpädagogin 
Centre Formida, arcus a.s.b.l.
 
ÖZEN Sarah
Kommunikation- und Multimedia Design
Centre Formida, arcus a.s.b.l.

Formateurs

ÖZEN Sarah

HARTMANN Anouk