En détail

Fortbildungsbeschreibung
Bei dëser Basisformatioun am Centre Formida kritt dir en ëmfaassenden Abléck an d’Welt vun de Reschtmaterialien an hier nohalteg Notzung.
Wat genau si Reschtmaterialien a wat ass den Ënnerscheed zu Recyclingmaterial? Hannendrun verstoppt sech en enormt Potential fir Kanner fir sech kreativ a spilleresch ze entfalen – an dobäi wäertvoll Léiererfarungen ze maachen. Dës Léierprozesser gi virun allem duerch eng ästhetesch an attraktiv Presentatioun vun de Materialien ugereegt. Duerch hiren ondefinéierte Charakter kënnen dës Materialie fir onendlech vill Spillwelten agesat ginn.
Wéi trefft dir de richtege Choix vu Materialie fir är Crèche? A wéi presentéiert dir et ob eng attraktiv a fräi accessibel Manéier? Dës a vill aner Froen erfuersche mir an dëser praktesch orientéierter Formatioun.
Ziele und zu erwerbende Kompetenzen
· De Centre Formida an de Projet Formida Echange als Inspiratiouns- a Léieruert kenneléieren
· Originnen a pedagogesch Haltung vum Projet Formida Echange verstoen
· pedagogesch Reflexioun zum Thema Spillmaterial a Crèchen
· Reflexioun zum Bild vum Kand
· Sensibiliséieren op nohalteg Handelen
· ästhetesch Bildungsprozesser erméiglechen duerch Raumgestaltung
 
 
HARTMANN Anouk
Kultur- und Medienpädagogin
Centre Formida, arcus a.s.b.l.

Formateurs

HARTMANN Anouk