En détail
Dës Formatioun riicht sech un all interesséiert Persounen aus dem formalen an non-formale Bildungsberäich, déi Babysitterformatioune fir Jonker ubidden a gläichzäiteg aktiv als lokale Partner op der Internetplattform „Babysitting.lu“ matschaffe wëllen.
Wärend 7 Stonne gëtt een Abléck an d´Planung, d´Ëmsetzung an d´Evaluatioun vun enger Babysitterformatioun fir Jonker tëschent 15 an 29 Joer vermëttelt. Nieft engem theoreteschen Input ginn divers Methoden a praktesch Übunge präsentéiert fir eng Babyitterformatioun léierräich an interaktiv ze gestalten.
Dës Formatioun fir Formateuren enthält folgend Moduler:
- Planung an Organisatioun vun enger Babysitterformatioun
- Begréissung an Intro an d´Formatioun
- Rechter a Flichte vun engem Babysitter
- Verbal a non-verbal Kommunikatioun mat Kanner an Elteren
- Abléck an d´Éischt Hëllef, Kannerkrankheeten a Preventioun
- Entwécklung an de verschidden Alterskategorien
- D´Gestaltung vum prakteschen Deel (Hygiène, Iessen, Spillen, Bastelen, Schlofen)
- Feedback- an Evaluatiounsmethoden
- Zesummestelle vun enger Materiallëscht
- Internetplattform „Babysitting.lu“
Uschléissend un d´Formatioun gëtt de Participanten eng Bildungsdokumentatioun zesumme mat de Methoden an den entspriechende Virlagen zur Verfügung gestallt.
Formateurs
Nathalie Schmitz