En détail
Contenu et objectifs
Dës Formation continue bitt kreativ a villfälteg Spiller fir dobaussen, déi einfach am Alldag ëmgesat kënne ginn. Et gi flott alternativ Spiller presentéiert wéi een d’Beweegung, d’Koordinatioun an den Teamgeescht bei de Kanner an der Natur fërdert. Ideal fir eng aktiv Gestaltung vun der Spill & Beweegungszäit an der Natur ganz ouni grousst Reegelwierk a mat wéineg Material.
Compétences à acquérir
- Ennerschiddlech Beweegungsformen kenneléieren a selwer ausprobéieren
- Notzen a Prinzipien vun den Übungen fir d’Entwecklung vu Kanner erkennen
- Übungen fir Kanner plangen an emsetzen kënnen. Prozess begleeden an konstruktiv drop reagéieren.
- Risiken a Geforen erkennen a firbeugen
- Inhalt vun der Formatioun analyséieren a reflektéieren (op eegene Gebrauch)
Méthodes appliquées
- Kuerz theoretesch Aleedung a Begleedung
- De Schwéierpunkt läit op der praktescher Emsetzung an Eegenerfahrung vun den Teilnehmer
Formateurs
TONON Raphaël