En détail

Inhalter

Grouss Kanner, deene Bicher ganz friem sinn, kann ee
spilleresch motivéiere fir sech drun ze trauen an deem een digital Medien
asetzt als « Ice-breaker ».

Wéi wier et z.B. mam Thema « Reesen ». Jidderee
vun eis huet eng Draamdestinatioun a net jidderee kritt d’Geleeënheet fir säi
Wonsch ze realiséieren. Do komme Saachbicher iwwert verschidde Länner a Stied
wéi geruff. Zesumme mat engem Greenscreen, engem Handy, an enger passender App,
kann d’Kand sengem Wonsch vum engem Selfie bei der Statue of Liberty zu
New York e wéineg méi nokommen. Esou ginn Mediekompetenze vermëttelt an eng
Liesmotivatioun zur gläicher Zäit ugebueden.

Eng aner Méiglechkeet ass et fir een Héierspill ze
vertounen. Ob Basis vun enger Geschicht déi de Kanner bekannt ass, schreiwe mir
den narrativen Text ëm, datt en esouvill ewéi méiglech Dialog enthält an ganz
vill Geräischer.  A wa mir och nach gutt kreativ drop sinn, kënne mir eis
Iddie mat an d’Geschicht abauen, d.h. z.B. wéi wier et wann d’Routkäppchen deen
Dag keng Loscht hätt fir an de Bësch ze goen?  Wann d’Héierspill
geschriwwen ass, siche mir an enger zweeter Etapp no Material fir Kaméidi
hierzestellen (Dëppen, Pabeier, Schung, dréche Blieder, eng Strenz etc.). Wann
mir alles zesummen hunn, geet et mat enger Prouf lass an da gëtt dat Ganzt mam
Handy opgeholl.  Uschléissend kann een de Kanner nach aner Héierspiller a
Bicher mat anere Versioune vun der Geschicht ubidden fir dran ze stöberen.

Zieler

  • D’Erzéier*innen léiere wéi
    ee verschidden digital Medie kann asetze fir den Intressi an d’Motivatioun um
    Buch bei de Kanner z’encouragéieren
  • D’Erzéier*innen  léiere spezifesch den Ëmgang mam Green-screen
    mat der Realisatioun vun enger Dramrees Foto.
  • D’Erzéier*innen  léiere mat de Kanner eng Geschicht als
    Héierspill ze vertounen.

Methoden

  • Kuerzen theoreteschen Input
  • Praktesch Impulser
  • Gruppenaarbecht
  • Austausch

Formateurs

Charlotte Reuter