En détail

Fortbildungsbeschreibung: 
Wierder, eidel Wierder, staark Wierder, verletzend Wierder… D’Wierder beaflossen eis Gedanken a ginn zu eiser Realitéit. Zesummen dauche mir an eis Wierder- a Gedankewelt an a fannen eraus wéi dës eisen Alldag formen. D’Emotiounen an d’Glawenssätz déi mir eis selwer opgebaut hunn an/oder vun eisem Emfeld opgeholl hunn. D’Effekter op eist Gehier an eist Liewen an Identitéit.
Mir entdecken d’Achtsamkeet vun de Wierder géigeniwwer sech selwer, sengem Kierper an de Mënschen déi eis ëmginn a wéi ee sech mat sech verbanne kann an eng gesond an equilibréiert Gedankewelt a Realitéit huet.
Mir verbannen dëst Wësse mat eisem berufflechen Alldag. Entwéckelen ee Bewosstsinn zu der Muecht déi eis Wierder droen a wéi dës d’Kanner beaflossen an hiert Liewe formen. Wéi d’Kanner bestäerken e positiven an achtsame Gedankegang géigeniwwer sech selwer ze hunn. Mir maachen och en Detour an d’Realitéit vun de Soziale Medien, Body Shaming a Mobbing den dorops hin entstoe kann.
Ziele und zu erwerbende Kompetenzen:
· Den Afloss vun de Wierder op eng Persoun verstoen.
· Perséinlech Aarbecht géigeniwwer senge Glawenssätz a Wierder déi follegen.
· Eng Reflexiounshaltung par rapport zu de geschwatene Wierder géigeniwwer sech selwer an de Mënschen déi eis ëmginn.
· Léieren sech mat Bewosstsinn an Achtsamkeet auszedrécken.
· Léieren ee positiivt Denken ze bestäerken bei sech an de Kanner an een equilibréierte emotionalen an kierperleche Bewosstsinn ze hunn.
· Léieren eng respektvoll Approche a Bezéiung op verschiddenen Niveauen ze hunn: emotional, kierperlech, relational, mat sech selwer a senge Matmënschen.
 
 
Tania TRAVERSINI
Bachelier institutrice préscolaire Indépendante. Photographe

Formateurs

Traversini Tania