En détail
Dës Formatioun befaasst sech mat enger theoretesch Aféierung an d’Logbuch zu follgenden Themen:
- Situéieren am Dispositif Qualité,
- Zesummenhang mat CAG a Rahmenplang zur non-formalen Bildung,
- kuerz Widderhuelung zu den Handlungsfelder aus dem Rahmenplang,
- Opbau, virwaat iwwerhaapt d‘Logbuch, …
Un Hand vu Beispiller aus der Praxis vun dem SEA ginn dann an Aarbechtsgruppe Bäiträg verfaassen an diskutéieren.
D’Formatioun befaasst sech uschléissend domat, wéi kann een d’Beiträg aus dem Logbuch notze ka fir d’pädagogesch Aarbecht: ZB als Basis fir weider pädagogesch Angeboter ze plangen, als Basis fir Situatiounsbespriechungen an der Teamsitzung oder bei Elterngespréicher, als Basis fir d’Raumgestaltung, ….
Formateurs
Anne Junk