En détail

 

D’Virliesen an Erziele vu Geschichten gehéiert an deene meeschte Crèchen zum Alldag. Mir wëssen, dass Kanner dobäi vill léiere kënnen a wéi wichteg dës Praxis fir hier Sproochentwécklung ass. Obwuel d’Kanner schonn alléng duerch d’Nolauschteren e wichtege sproochlechen Input kréien, brauche si fir hier ganzheetlech Sproochentwécklung awer virun allem aktiv Participatioun an Interaktioun. Ëmsou méi wichteg ass et ze hannerfroen an ze reflektéieren wéi mir virliesen a wéi eng pedagogesch Ziler mir duecht d’Virliese wëlle areechen. Wéi eng Bicher wiele mir aus ? Wéi vill banne mir d’Kanner an d’Erzielungen an ? A wéi areeche mir, dass all Kand, onofhängeg vu sengem sproochlechen Hannergrond eppes vun der Geschicht versteet ? Dës an aner Froen reflektéiere mir an der Formatioun unhand vun der Method vum dialogesche Liesen. Mir léiere wat dialogescht Liesen ass a wéi mir dës Method kënnen an den Alldag abauen. Mir reflektéieren wéi mir selwer virliesen a wéi mir eis pedagogesch Praxis kënne weider entwéckelen fir d’Sproochentwécklung vun de Kanner am méisproochege Kontext besser kënnen ze fërderen.

Formateurs

Valérie Kemp