En détail
Vierwat sech aschreiwen?
Eltere sinn,
bedeit haut e gutt Gläichgewiicht tëschent Famill, Partnerschaft, Kanner,
Aarbecht, Crèche, Maison Relais, Schoul a Fräizäit ze fannen, ouni sech awer selwer
dobäi ze vergiessen. Laut enger belscher Ëmfro aus dem Joer 2020, fille
sech 96 % vun den Elteren an hirem Alldag als Mamm a Papp ënner Drock
gesat.
An dësem
Cours wëlle mir zesummen erausfannen, wat „Eltere sinn“ hautdesdaags bedeit.
Wéi eng grouss gesellschaftlech Verännerunge wierke sech direkt op
d’Elteren aus? Wéi enge Belaaschtungen an Erausfuerderunge si si an
hirem Alldag ausgesat? Wéi gi si mat dësen Aflëss ëm? Wéi
eng Ressourcen hunn si fir dës Erausfuerderungen ze meeschteren?
Mir wäerte gesi
wéi d’Haltung vum Fachpersonal vis-à-vis vun Eltere vill vun hirer
eegener Erzéiung a Sozialisatioun, vun hirer Weltusiicht souwéi den
Erfarungen, déi si am Alldag vun der Institutioun maachen, beaflosst gëtt.
Ziel ass et,
d’Erausfuederungen vum „Eltere sinn“ besser ze verstoen an sou
d’Zesummenaarbecht mat den Elteren ze verbesseren an durch eng empathesch,
bienveillant Haltung, vertrauensvoll Bezéiungen opzebauen.
No dëser Formatioun sidd Dir an der Lag
- D’Eltere besser verstoen
- Reflexioun
iwwert déi perséinlech Erwaardungen un d‘Elteren - Eng
empathesch a bienveillant Haltung fërderen - Verbesserung
vun der alldeeglecher Aarbecht mat den Elteren - Reflexioun
vum eegenen Eltere sinn (de Fall gesat) - Tipps
kréie fir déi eege Balance tëschent Eltere sinn a Beruff ze verbesseren
Méthoden
Powerpoint,
Flipchart, Gruppenaarbecht, Austausch
Formateurs
Tania Hemmer