En détail

Schrëftsprooch spillt eng wichteg Roll an der Sproochentwécklung vum Kand a fir am Liewen an an der Schoul ze reusséieren. Andeems mer de Kanner e fréien Zougang zur Schrëftsprooch erméiglechen, erhéije mer hier Bildungschancen a fërderen hier Sproochentwécklung. Dobäi geet et an der fréier non-formaler Bildung net drëms Liesen a Schreiwen ze léieren, mee éischter ze entdecke wat Schrëft ass, firwat mer se benotzen a wéi. Kanner begéine Schrëftsprooch am Alldag Doheem oder an der Crèche a ganz villfältege Situatiounen. Si kucken Anere beim Schreiwen no, gesi Schrëft an hirer Ëmwelt oder kréie Bicher virgelies. Dës Erfarunge bereeden d’Kanner drop fir, selwer Schrëftsprooch ze benotzen. Wéi kënne mir dëst Léieren am Beschten ënnerstëtzen an de Kanner d‘Freed un der Schrëft mat op de Wee ginn?

 

An der Formatioun reflektéiere mir zesummen wat Schrëftsprooch an der non-formaler Bildung fir eng Bedeitung huet a wéi mir se op eng spilleresch an authentesch Art a Weis an eis pedagogesch Praxis abaue kënnen.

Formateurs

Valérie Kemp