En détail

Vierwat sech aschreiwen?

An dëser
Formatioun léiert Dir déi wäertschätzend an uechtsam Kommunikatioun nom Modell
vun der GFK kennen- an übt se unhand vu konkrete Beispiller aus dem Aarbechtsalldag
unzewenden.  

D’GFK ass d’Sprooch déi vum Häerz kënnt och
“Giraffesprooch“ genannt. Et geet drëms ze erkennen , wat a mir virgeet, wat ech
fillen, ouni deem aneren d’Verantwortung dofir ze gin an ouni deen aneren ze
verurteelen. Ech soen deem aneren och, wat ech brauch (mäi Bedürfnis) an ech
äusseren e Wonsch, wei deen aneren dozou ka bäidroen mäi Bedürfnis ze erfëllen.
Oder ech kucken wei et deem anere geet (Gefill), wat hie brauch (Bedürfnis) a
froen hien wei ech kann dozou bäidroen, dass säi Bedürfnis erfëllt gëtt.

Net ëmmer muss ech all Schrëtt duerchmaachen,
heiansdo ass dëst just fir mech, fir ze verstoen wei et mir geet fir dass ech
bereet gin mech opzemaachen an empathesch op deen aneren duerzegoen. Heiansdo
geet et duer wann ech just verstinn wat am Kand virgeet an duerch e Laachen,
eng Emärmelung weisen ech dem Kand dass ech 
fir et dosinn.

D’GFK geet dervun aus dass all Mënsch handelt
fir seng Bedürfnisser ze erfëllen. D’Strategie déi hien dobäi auswielt, ass
„dat Schéinst a Bescht“ wat him zur Verfügung steet fir erfollegräich ze sinn.

D’Bedürfnisser sinn bei eis all gläich, do wou
mir eis ënnerscheeden ass, wei eng Strategie mir wielen an et ass och op dëser
Strategie-Ebene wou d’Konflikter entstinn. Wichteg heibäi ass, dass deen anere
verstoen net bedeit guttheeschen, wat hie gemaach huet. Dobäi ass den Erwuessenen
e wäertvolle Spigel, e Guide andeems en dem Kand réckmeld, wat seng Strategie
bei aneren fir Gefiller ausléisst an d’Kand lues a lues mierkt wei eng Strategie
fruchtbar ass an wei eng net dat bréngt wat hatt brauch, éischter nach de
Contraire.

Dir léiert de Projet « Giraffendram » vum
Frank Gaschler kennen a mir gin de Projet praktesch zesummen duerch. Dobäi bleift
jidderengem genuch Spillraum de Giraffendram duerch Spiller, Lidder etc.
individuell ze gestalten an en der Struktur an dem Alter vun de Kanner unzepassen.
De Giraffendram ass esou opgebaut dass d’Kanner mat Hëllef vun engem
Giraffekand déi 4 Schrëtt vun der GFK kenneléieren an nom Projet mat
Hëllefsmaterial a mat hiren Ezéier*innen sech wäertschätzend begéine kënnen.

No 1 Mount gesi
mir eis kuerz fir 2 Stonnen, wou jiddereen säin individualiséierten Projet ka
virstellen a wou Froen zu der Ëmsetzung an zum Material kënne beäntwert gin. Zu
gudder Lescht gesinn mir eis nach emol no 6 Méint fir en Erfahrungsaustausch.  

No dëser Formatioun sidd Dir an der Lag

– déi eegen
Haltung am Kontakt mat anere reflektéieren

– déi 4 Schrëtt
vun der GFK kenneléieren an üben


Konfliktléisungen déi d’Bedürfnisser vu jidderengem berécksiichtegen

– de Projet
« Giraffendram » kenneléieren, ausschaffen an un d’strukturell
Bedingungen upassen

Méthoden

 

– kuerz theoretesch
Impulser veranschaulecht duerch Beispiller aus der Praxis

– Übungen am
klengen a grousse Grupp

Formateurs

Claudine Ihry