En détail

Contenu et objectifs

De MENJE invitéiert Iech häerzlech op déi éischt Editioun vun den EduTrends. Bei dëser Konferenz geet et ëm d’Trends vun der Zukunft an de Beräicher Bildung, Kanner, Jugend a Gesellschaft.

An enger Zäit, wou sech d‘Welt sou dynamesch verännert, ass et vu Bedeitung, dass mer zukünfteg Trends an Entwécklungen erkennen, verstinn an eis aktiv domat auserneesetzen.

Vun neien Technologien an digitale Léiermethode bis hin zu sozialen a gesellschaftleche Verännerungen an neien Erausfuerderunge fir jonk Mënschen – d’Themepallett vun den aktuellen Erausfuerderungen ass breet gefächert an dat erméiglecht eis, zesummen iwwer d’Zukunftsperspektiven an den Impakt op Bildungs- a Betreiungssystemer nozedenken. Dës Konferenz bitt d’Méiglechkeet, Experten a Visionären op dëse Gebidder kennen ze léieren a sech mat hinnen auszetauschen.

 

Méi Informatiounen iwwert de Programm « EduTrends » an Umeldungen fannt dir op www.edutrends.lu

 

 

Programm vum éischten Dag:          fir de Grand public

 

  • 17h30: Accueil
  • 18h00: Ouverture
    Claude MEISCH, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend
  • 18h15: Keynote
    Univ.-Prof. Dr. Stephan Gerhard HUBER
    “Zukunft der Bildung – Schule der Zukunft”
    Trends, Herausforderungen und Empfehlungen für strategisches Handeln in der Balance von Bewahren, Innovieren und Optimieren
  • 19h00: Impuls-Rieden „EduTrends“
    Prof. Dr. Antoine FISCHBACH (Uni.lu)
    Dr. Serge ALLEGREZZA (STATEC)
    Jean-Marie WIRTGEN (Observatoire de l’enfance, de la jeunesse et de la qualité scolaire)
    Dr. Juliana D’ALIMONTE (Direction de la santé)
    Dany SEMEDO (Conférence nationale des élèves du Luxembourg)
    Bob BLUME (Enseignant, Auteur, Blogger)
    Kanner aus der „Lenkeschléi Grondschoul“ vun Diddeleng
  • 20h00: Ofschloss – Cocktail Dinner

 

Kino Kinepolis – 45, Avenue John F. Kennedy L-1855 Kirchberg

Fir dës Konferenz ginn 2 Stonnen als Formation continue iwwert den SNJ unerkannt.

 

 

Programm vum zweeten Dag:          fir de Secteur vun der non-formaler Bildung an sozialer Aarbecht

 

  • 8h00: Ouverture – Kaffi & Croissant
    Claude MEISCH, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend
  • 8h30: Diskussiounsronn
    mat de Referent*innen vun de Workshops
  • 9h30: Workshops non-formal Bildung, sozial Aarbecht
    Éischt Ronn
  • 10h30: Workshops non-formal Bildung, sozial Aarbecht
    Zweet Ronn
  • 11h30: Clôture Workshops
  • 12h00: Ofschloss

 

Workshops am Iwwerbléck:

  • Workshop 1: Selma BRAND
    Chancen und Herausforderungen des aktiven Medieneinsatzes in non-formalen Bildungsstrukture
  • Workshop 2: Rahel TSCHOPP
    Wenn wir zaubern könnten: Wie könnte die ideale Vernetzung zwischen Schule und non-formaler Bildungsstruktur aussehen?
  • Workshop 3: Jöran MUUSS-MERHOLZ
    Mit 4K-Skills gestärkt in die Zukunft
  • Workshop 4: Winfried KLAES
    Der schwierige Weg für Kinder beim Aufbau sozial-emotionaler Kompetenzen
  • Workshop 5: Monika FEIST-ORTMANNS
    Zusammenarbeit mit Eltern – Der Weg in eine Bildungs- und Betreuungspartnerschaft
  • Workshop 6: Dr. Andy SCHIELER
    Qualitätsentwicklung im Diskurs – Qualität in der Frühen Bildung partizipativ entwickeln
  • Workshop 7: Erhard ZIMMER
    Leadership heute: Wie gelingt Führung in schwierigen Zeiten?
  • Workshop 8: Petra BÖWEN und Charel SCHMIT
    Jedem Kind gerecht werden – und auch den Fachkräften – Arbeiten in den Kinderstrukturen der Zukunft

 

European Convention Center Luxembourg – 4, place de l’Europe L-1499 Luxembourg

Fir dës Konferenz ginn 4 Stonnen als Formation continue iwwert den SNJ unerkannt

 

!! Opgepasst: Är Aschreiwung ass réischt gülteg, nodeems Dir Iech op der Säit www.edutrends.lu ageschriwwen hutt an eng offiziell Confirmatioun vum Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse (MENJE) zu Ärer Aschreiwung krut. !!

 

 

Compétences à acquérir

  • D’ Participanten vun dëser Konferenz profitéieren vun der Expertis vun de nationalen an internationalen Experten.
  • D’ Impuls Referater sou wéi d’ Diskussiounsronn bitt den Participanten e fachlechen Abléck an déi zukünfteg Trends vun der Educatioun an der Bildungslandschaft.
  • An de Workshops hunn Participanten d’ Méiglechkeet sech auszetauschen an zesumme mat de nationalen an internationalen Experten iwwer déi aktuell a zukünfteg Erausfuerderungen vum Secteur ze debattéieren, wéi och innovativ Léisungsusätz ze generéieren.

 

Méthodes appliquées

  • Impulsreferater vu nationalen an internationalen Experten
  • Offiziell Diskussiounsronn mat den nationalen an internationalen Experten
  • Oppenen Austausch an den Workshops

 

Formateurs

  • National an international Experten

Formateurs

Nationale und internationale Expert*innen