En détail

Fortbildungsbeschreibung
An eisem Liewen kennen ëmmer mol Situatiounen vun Verloscht, Wut, Iwwerfuerderung, Trauer, Burn out, Stress, Rotlosegkeet…..optrieden. An sou engen Situatiounen hunn mir den Bléck op dat Wesentlecht verluer, well mir matten dran stinn. Am Job andauernd leeschtungsfäeg, permanent asaatzbereed an flexibel sinn an iergendwéi och nach Karriär an Famill ënnert een Hutt ze bréngen: Déi modern Aarbechtswelt stellt eis virun grouss Erausfuerderungen, déi oft zu Iwwerfuerderung bis hin zu psycheschen Belaaschtungen an Burn out feieren. Duerch den Personal Coaching an Supervisioun kann den Bléck vun baussen drop geheit ginn. Team gëtt matt sengem Uleies wouer geholl an unhand vun verschiddenen Tools ginn leisungsorienteiert Handlungsméiglechkeeten erschafft wéi deen Eenzelen sech virun Burn out schützen kann. 
Ziele und zu erwerbende Kompetenzen
· Bedeitung vun Burn out kennen
· Phasen vun Burn out kennen an erkennen
· Symptomer vun Burn out erkennen kënnen
· Schutzmoossnamen an Präventioun zu Burn out
· Eegen Handlungsfähegkeeten erschaffen
· Seng eegen Ressourcen erkennen
· Seng perséinlech Roll kloer definéieren
· Grenzen sëtzen kennen
 
 
Nancy HOLTGEN
Sozialpädagogin
Systemische Antigewalt- und Deeskalationstrainerin SAGT
Fortbilder-Qualifikation in Konfrontativem Stil (KonSt®)
Fachberaterin Mobbing MoPI
Life Coach
Traumapädagogik/Traumafachberatung
NH Lifecoaching & Training
 
 

Formateurs

HOLTGEN Nancy