En détail

Contenu et objectifs

All Sécherheetsaspekter, déi fir d’Klamme mam Seel (Top Rope) mat Kannergruppen noutwenneg sinn, ginn ausféierlech erkläert. Vum spezifeschen Opwiermen iwwert d’Grondtechnike vum Klammen a kannergerecht Spiller läit de Fokus op der praktescher Ëmsetzung.

 

Compétences à acquérir

  • Ënnerschiddlech Beweegungsforme kenneléieren a selwer ausprobéieren
  • Notzen a Prinzippie vun den Übungen fir d’Entwécklung vu Kanner erkennen
  • Übunge fir Kanner plangen an ëmsetze kënnen. Prozess begleeden a konstruktiv drop reagéieren.
  • Risiken a Geforen erkennen a virbeugen
  • Inhalt vun der Formatioun analyséieren a reflektéieren (op eegene Gebrauch)

 

Méthodes appliquées

  • Kuerz theoretesch Aleedung a Begleedung
  • De Schwéierpunkt läit op der praktescher Ëmsetzung an Eegenerfarung vun den Teilnehmer

Formateurs

PICARD Yves –  Professeurs d’éducation physique et sportive