En détail
Contenu et objectifs
An dëser Formatioun geet et drëms, d‘Grondtechniken vum Mountainbike a Form vu klenge Spiller an Übungen kennen ze léieren, fir dës jonke Kanner a Jugendlecher bäizebréngen. Donieft ginn d’Sécherheetsaspekter an d’Leedung vun engem Mountainbike-Grupp (mat Kanner oder Jugendlecher) thematiséiert.
Compétences à acquérir
- Ennerschiddlech Beweegungsformen kenne léieren a selwer ausprobéieren
- Notzen a Prinzipien vun den Übungen fir d’Entwécklung vu Kanner erkennen
- Übunge fir Kanner plangen an eëmsetzen kënnen. Prozess begleeden an konstruktiv drop reagéieren.
- Risiken a Geforen erkennen a firbeugen
- Inhalt vun der Formatioun analyséieren a reflektéieren (op eegene Gebrauch)
Méthodes appliquées
- Kuerz theoretesch Aleedung a Begleedung
- De Schwéierpunkt läit op der praktescher Ëmsetzung an Eegenerfarung vun den Teilnehmer
Formateurs
PICARD Yves – Professeur d’éducation physique et sportive
KIRCH Jeff – Professeur d’éducation physique et sportive
TONON Raphaël – Professeur d’éducation physique et sportive