En détail
Contenu et objectifs
An dëser Formatioun geet et drëms, d‘Grontechniken vum Mountainbike a Form vu klenge Spiller an Übungen kennenzeléieren, fir dës jonke Kanner a Jugendlecher bäizebréngen. Doniëwt gin d’Sëcherheetsaspekter an d’Leedung vun engem Mountainbike-Grupp (mat Kanner oder Jugendlecher) thematiséiert.
Compétences à acquérir
- Ennerschiddlech Beweegungsformen kenneléieren a selwer ausprobéieren
- Notzen a Prinzipien vun den Übungen fir d’Entwecklung vu Kanner erkennen
- Übungen fir Kanner plangen an emsetzen kënnen. Prozess begleeden an konstruktiv drop reagéieren.
- Risiken a Geforen erkennen a firbeugen
- Inhalt vun der Formatioun analyséieren a reflektéieren (op eegene Gebrauch)
Méthodes appliquées
- Kuerz theoretesch Aleedung a Begleedung
- De Schwéierpunkt läit op der praktescher Emsetzung an Eegenerfahrung vun den Teilnehmer
Formateurs
Raphael Tonon
Yves Picard
Jeff Kirch