En détail

Contenu et objectifs

Fir net ëmmer nëmmen déi klassesch Ballspiller, wéi Fussball, Handball oder Basketball mat de Kanner ze spillen, ginn hei flott alternativ Spiller presentéiert, déi Spaass maachen a kandgerecht an ofwiesslungsräich sinn. Ouni grousst Reegelwierk a mat wéineg Material läit de Schwéierpunkt bei dëser Formatioun op d’Entdeckung an d‘Ausprobéiere vun neie Spillforme mam Medium „Ball“.

Compétences à acquérir

  • Ennerschiddlech Beweegungsformen kenne léieren a selwer ausprobéieren
  • Notzen a Prinzipien vun den Übungen fir d’Entwécklung vu Kanner erkennen
  • Übungen fir Kanner plangen an ëmsetze kënnen. Prozess begleeden an konstruktiv drop reagéieren.
  • Risiken a Geforen erkennen a firbeugen
  • Inhalt vun der Formatioun analyséieren a reflektéieren (op eegene Gebrauch)

Méthodes appliquées

  • Kuerz theoretesch Aleedung a Begleedung
  • De Schwéierpunkt läit op der praktescher Ëmsetzung an Eegenerfarung vun den Teilnehmer

Formateurs

PICARD Yves –  Professeur d’éducation physique et sportive

KIRCH Jeff –  Professeur d’éducation physique et sportive

TONON Raphaël –  Professeur d’éducation physique et sportive