En détail

Fortbildungsbeschreibung
Beweegung spillt eng grondleeënd Roll bei der ganzheetlecher Entwécklung vum Kand. Dofier ass et wichteg, datt all Kand d’Méiglechkeet gebuede kritt, dës Schrëtter sengem Tempo no fräi an eegestänneg ze erliewen. D’Participanten gi mat de Grondlage vun der fräier Beweegungsentwécklung vum Emmi Pikler vertraut gemaach. Donierf gitt Dir an déi bewegunspädagogësch Aarbecht vum Elfriede Hengstenberg agefouert. Duerch dës Weiderbildung kritt Dir d’Méiglechkeet déi positiv Auswierkungen vun dësen Usätz am deegleche Liewen selwer ze erfuerschen an ëmzesetzen. 
Ziele und zu erwerbende Kompetenzen
· Vertrauen an déi eegestänneg Entwécklungskompetenz vum Kand vu Gebuert u setzen
· Erweidert Siichtweis op déi villfällteg Audrocksformen vun de Kanner erkënnen an ënnerstëtzen
· Refléktéiere vun der eegener pädagogescher Haltung
· Méi Sécherheet am Austausch mat den Elteren
· Materialkenntnisser
 
 
BALTES Carole
Erzieherin
Arcus Asbl

Formateurs

BALTES Carole Marie-françoi