En détail

Vierwat sech aschreiwen?

Dir wëllt mat
de Kanner an ärer Institutioun am Leem schaffen an huet Eech bis elo net
getraut, da sidd Dir hei genee richteg. 

Mat Liichtegkeet kennt Dir är
Keramikprojeeën ëmsetzen, wann Dir dat néidëscht Grondwësse fir
d`Veraarbechtung vum Leem huet. 

All Grondtechniken déi wichteg sënn léiert Dir
hei kennen.

Inhalt : 

  • Grondwësse:
    de richtegen Ëmgang mam Leem bis hin zur färdiger Keramik
  • Wat
    ass Leem, wou kënnt en hier
  • Wat
    brauch ee vu Geschier  
  • Wat
    fir ee Leem fir wat fir eng Opbauten
  • Wat
    fir eng Technik fir wat fir ee Projet
  • Firwat
    ass fräi schaffe mam Leem esou wichtig fir d‘ Kanner
  • Reflexiouns
    an Diskussiounsronn

No dëser Formatioun sidd Dir an der Lag

  • Schrëtt
    fir Schrëtt léiert Dir Grondwësse kennen vun den Techniken an de richtigen
    Ëmgang mam Leem.
  • Dir
    sidd  prett fir selwer mat de Kanner am Leem ze schaffen.
  • Dir
    wësst obwat Dir musst oppassen dat äre Projet een Erfolleg  gëtt, dir huet
    dat néidescht vertraue selwer den Uewe
    richteg ze benotze.  
  • Genuch 
    Zäit anzeplange vun der Gestaltung bis zum Brand
  • Duerch
    déi richteg ugewanten Technik se ganz vill verschidde Leemprojeeën, vill méi
    einfach ëmsetzbar. 
  • De Kanner Raum gi fir
    hir Fantasie a Kreativitéit ausliewen ze kënnen
  • Offen fir d’Konscht an
    är Institutioun  mat eran ze bréngen.

Méthoden

  • Théorie an Uwenden vun de geléierten Techniken durch
    vill praktisch Übungen.
  • Individuell Gestaltungen oder Gruppenarbëschten
  • Leem ass dat perfekt Material fir ze Formen, Knieden,
    Schmieren, spillen a Bauen. 
    D`Erliefniss vum Formen, mat den Hänn, aus engem
    Batz Leem der Fantasie Gestalt ginn, dat ass eist Ziel.

Gutt ze wëssen:

Weg rechent ëmmer mat enger zousätzlecher Stonn Mëttegpaus.

Et gëtt kee Mëttegiesse vun der FEDAS virgesinn.

Information complémentaire

  • Aarbechtskleedung/Schiertech
  • Motivatioun
    a gutt Laun fir ze Schaffen

(All
Material ass op der Plaz a steet Eech fräi zur Verfügung) 

Formateurs

atelier creat'our

Claudine Pint Lieners