En détail

Fortbildungsbeschreibung
Geschichte faszinéieren d’Mënschheet säit jeehier, a Geschichtenerziele gëtt scho vu Generatiounen a Generatiounen als Wëssensiwwerdroung benotzt. Dës uraal Traditioun berout op d’Talent vun de Geschichtenerzieler:innen, hire Public ze bannen. Mir ginn dëser Traditioun no andeem mir als Wëssensiwwerdroend Fachpersonal eisen Erzielerpersonnage erauskëddelen.
Wat fir eng Roll hunn ech als Erzieler an der Erzielung, meng Physesch Haltung, Selbstwahrnehmung, Mimik, Imaginatiounskraaft a mäi Kostüm? Sinn ech iwwerhaapt e Mënsch oder kommen ech aus enger anerer Welt? Sinn ech éischter en opgedréinten Dillendapp oder en gemittlechen alen Här?
An dëser Formatioun, erfuersche mir also eis eegen Erzielpersonnage – oder och Avatar genannt – mat praktesche Methoden aus dem Danz, der Klonerie, dem Kostümbild, Improvisatiounstheater oder souguer aus der Musek.
Zum Schluss hutt dir een Avatar geschaaft mat deem dir kennt äre Kanner Wëssen op déi uraal a faszinant Aart a Weis matdeelen.
Ziele und zu erwerbende Kompetenzen
· En Erzielpersonnage erfanne mat deem d’Participant:inne kennen hire Kuer méi spilleresch an interaktiv gestalten.
· Kreativ an nohalteg Uwendungsméiglechkeete vu Formida-Reschtmaterialen als Erziel-Objeten oder Kostümdetailer
· Eng Aféierung zu de Virdeeler vun Erzielpersonnagen als Wëssensiwwerdroer.
· Sie léieren sech méi fräi ze beweegen a kreativ ze denken.
· Léieren einfach asetzbar Exercicer aus der Konschtpedagogik an der Klonerie fir all de Kanner hier Léiererfarung onvergiesslech ze maachen.
 
 
D’INCAU Aurélie
Konschtpedagogin a Kënschtlerin
 
GOEDERT Sandy
Educatrice diplômée

Formateurs

d'Incau Aurélie