En détail

Fortbildungsbeschreibung
« Before a child speaks, it sings. Before they write, they paint. As soon as they stand, they dance. Art is the basis of human expression. » (Phylicia Rashad)
Ästhetik, Kreativitéit an Konscht sollen fir kleng Kanner an hirer ganzer Villfalt erliefbar ginn. Nëmmen sou hunn si d’Méiglechkeet hiert Imaginatiouns-, Ausdrocksverméigen an hier Wahrnehmungsfähegkeet op spilleresch Manéier weider ze entwéckelen.
An dëser Formatioun wäerten mir erliewen wéi mir di Experimentéier- an Gestaltungsfreed vun deenen klengen Kanner begleeden an ënnerstëtzen kënnen. Mir beschäftegen eis mat den kreativen Prozesser wéi Molen, Zeechnen, Gestalten, Handwierk-, Schreif- an Mathematikwerkstatt sou wéi der passender Raumgestaltung an den dozou gehéieregen Materialien.
Ziele und zu erwerbende Kompetenzen
· Eegen Interessen an Stäerkten entdecken an an d’Aarbecht mat abréngen
· Ufäng an Entwécklung vun den kreativen Prozesser bei klengen Kanner erkennen an aktiv begleeden/ënnerstëtzen
· Virbereet Ëmgéigend am Atelier mat ënnerschiddlechen Materialien ëmsetzen (mat Beispiller aus der Praxis)
· Kreativitéit am fräien Spill (Uerdnen, Sammelen, Sortéieren, Schëdden, Fëllen, Stapelen, Bauen, Transportéieren, …) erkennen an fërderen
· Roll an Haltung vum pedagogeschen Fachpersonal erfueren/erliewen
 
 
MUTSCH Nadja
Sozialpädagogin
Fachberaterin für Krippen
arcus a.s.b.l.

Formateurs

MUTSCH Nadja