En détail
Contenu et objectifs
All Sécherheetsaspekter, déi fir d’Klamme mam Seel (Top Rope) mat Kannergruppen noutwenneg sinn, ginn ausféierlech erkläert. Vum spezifeschen Opwiermen iwwert d’Grondtechnike vum Klammen a kannergerecht Spiller läit de Fokus op der praktescher Ëmsetzung.
Compétences à acquérir
- Ënnerschiddlech Beweegungsforme kenneléieren a selwer ausprobéieren
- Notzen a Prinzippie vun den Übungen fir d’Entwécklung vu Kanner erkennen
- Übunge fir Kanner plangen an ëmsetze kënnen. Prozess begleeden a konstruktiv drop reagéieren.
- Risiken a Geforen erkennen a virbeugen
- Inhalt vun der Formatioun analyséieren a reflektéieren (op eegene Gebrauch)
Méthodes appliquées
- Kuerz theoretesch Aleedung a Begleedung
- De Schwéierpunkt läit op der praktescher Ëmsetzung an Eegenerfarung vun den Teilnehmer
Formateurs
PICARD Yves – Professeurs d’éducation physique et sportive