En détail
Vierwat sech aschreiwen?
Dir wëllt mat
de Kanner an ärer Institutioun am Leem schaffen an huet Eech bis elo net
getraut, da sidd Dir hei genee richteg.
Mat Liichtegkeet kennt Dir är
Keramikprojeeën ëmsetzen, wann Dir dat néidëscht Grondwësse fir
d`Veraarbechtung vum Leem huet.
All Grondtechniken déi wichteg sënn léiert Dir
hei kennen.
Inhalt :
- Grondwësse:
de richtegen Ëmgang mam Leem bis hin zur färdiger Keramik - Wat
ass Leem, wou kënnt en hier - Wat
brauch ee vu Geschier - Wat
fir ee Leem fir wat fir eng Opbauten - Wat
fir eng Technik fir wat fir ee Projet - Firwat
ass fräi schaffe mam Leem esou wichtig fir d‘ Kanner - Reflexiouns
an Diskussiounsronn
No dëser Formatioun sidd Dir an der Lag
- Schrëtt
fir Schrëtt léiert Dir Grondwësse kennen vun den Techniken an de richtigen
Ëmgang mam Leem. - Dir
sidd prett fir selwer mat de Kanner am Leem ze schaffen. - Dir
wësst obwat Dir musst oppassen dat äre Projet een Erfolleg gëtt, dir huet
dat néidescht vertraue selwer den Uewe
richteg ze benotze. - Genuch
Zäit anzeplange vun der Gestaltung bis zum Brand - Duerch
déi richteg ugewanten Technik se ganz vill verschidde Leemprojeeën, vill méi
einfach ëmsetzbar. - De Kanner Raum gi fir
hir Fantasie a Kreativitéit ausliewen ze kënnen - Offen fir d’Konscht an
är Institutioun mat eran ze bréngen.
Méthoden
- Théorie an Uwenden vun de geléierten Techniken durch
vill praktisch Übungen. - Individuell Gestaltungen oder Gruppenarbëschten
- Leem ass dat perfekt Material fir ze Formen, Knieden,
Schmieren, spillen a Bauen.
D`Erliefniss vum Formen, mat den Hänn, aus engem
Batz Leem der Fantasie Gestalt ginn, dat ass eist Ziel.
Gutt ze wëssen:
Weg rechent ëmmer mat enger zousätzlecher Stonn Mëttegpaus.
Et gëtt kee Mëttegiesse vun der FEDAS virgesinn.
Information complémentaire
- Aarbechtskleedung/Schiertech
- Motivatioun
a gutt Laun fir ze Schaffen
(All
Material ass op der Plaz a steet Eech fräi zur Verfügung)
Formateurs
atelier creat'our
Claudine Pint Lieners