En détail
Inhalter
Am Kader vum Plurilinguismus an der petit enfance,
awer och nach duerno ass, et wichteg fir Geschichten a senger Häerzensprooch ze
héieren an ze liesen. Wat e Kand seng Häerzensprooch an den éischten dräi Joer
besser beherrscht, wat d’Chance fir den akademesche Succès méi an d’Luucht
ginn. A wie vill liest, liest méi schnell a versteet och méi. Dës Lieskompetenz
ass och fundamental fir an der Schoul mat virun ze kommen. Dofir, firwat net
weider a senger Häerzensprooch Geschichte liesen a lauschteren? Dat kënnt
och deenen anere Sproochen ze gutt.
Mee wou kommen ech u Bicher, déi net an den übleche
Schoulsprooche geschriwwe sinn? A wou fannen ech Bicher déi d’Original an eng
Iwwersetzung am selwechte Buch ubidden? Op wat muss ech oppasse wann ech
bi-oder multilingual Bicher kafen? Kann ech d’Eltere froe fir mir ee Buch
z’iwwersetzen, wann ech näischt um Bichermaart an enger bestëmmter Sprooch
fannen?
Wéi kann ech e bi-oder multilingualt Buch virliesen? Ginn
et do verschidde Methoden? Op wat muss ech oppassen?
Zieler
- Erzéier*innen léiere
Qualitéitskrittäre vun engem guddem bi-oder multilingualem Buch kennen - D’Erzéier*innen
entdecke verschidde Verläg vu bi-a multilinguale Bicher - D’Erzéier*innen
entdecke verschidde Methode fir mat bi-a multilinguale Bicher ze schaffen
Methoden
- Kuerzen theoreteschen Input
- Praktesch Impulser
- Gruppenaarbecht
- Austausch
Formateurs
Charlotte Reuter