En détail
Fortbildungsbeschreibung
« Das Kind hat hundert Sprachen, in denen es sich ausdrücken kann, es verleiht auf kreative Weise seinem Eindruck über die Welt einen Ausdruck, sei es durch Worte oder durch Werke, die es gestaltet!“ (Loris Malaguzzi)
Ästhetik, Kreativitéit a Konscht solle fir kleng Kanner an hirer ganzer Villfalt erliefbar ginn. Nëmmen sou hunn si d’Méiglechkeet hiert Imaginatiouns-, Ausdrocksverméigen an hier Wahrnehmungsfähegkeet op spilleresch Manéier weider ze entwéckelen. An dëser Formatioun wäerte mir erliewe wéi mir déi Experimentéier- a Gestaltungsfreed vun deene klenge Kanner begleeden an ënnerstëtze kënnen. Mir beschäftegen eis mat de kreative Prozesser wéi Molen, Zeechnen, Gestalten, Handwierk-, Schreif- a Mathematikwerkstatt sou wéi der passender Raumgestaltung an den dozou gehéierege Materialien.
Ziele und zu erwerbende Kompetenzen
· Eegen Interessen a Stäerkten entdecken an an d’Aarbecht mat abréngen
· Ufäng an Entwécklung vun de kreative Prozesser bei klenge Kanner erkennen an aktiv begleeden/ënnerstëtzen
· Virbereet Ëmgéigend am Atelier mat ënnerschiddleche Materialien ëmsetzen (mat Beispiller aus der Praxis)
· Kreativitéit am fräie Spill (Uerdnen, Sammelen, Sortéieren, Schëdden, Fëllen, Stapelen, Bauen, Transportéieren, …) erkennen a fërderen
· Roll an Haltung vum pedagogesche Fachpersonal erfueren/erliewen
MUTSCH Nadja
Fachberoderin fir Crèchen (Service focus)
arcus a.s.b.l.
Formateurs
MUTSCH Nadja