En détail
Fortbildungsbeschreibung
Reschtmaterialie sinn aussergewéinlech Ressourcen a si wonnerbar an engem pedagogesche Kontext als Spill- a Baumaterialien asetzbar. Entdecken, bauen, spillen, staunen – a léieren! A wéi kann een zudeem dës Materialien op eng nohalteg Aart a Weis ëmmer rëm gebrauchen? Wat sinn d’Virdeeler vu Reschtmaterialien a wéi kann ech déi attraktiv a kreativ integréieren?
De Fokus bei dëser Formatioun läit op der Materialerfarung, der Raumgestaltung an dem Asaz vun externe Liichtquellen, der geziilter Materialauswiel an der nohalteger Notzung vun dëse Materialien. Tëschen den zwee Formatiounsdeeg ka schonn mat Reschtmaterialien an der Maison Relais experimentéiert ginn, fir dann Erfarunge wärend dem zweete Rendez-vous ze beschwätzen an an den Austausch ze kommen.
Ziele und zu erwerbende Kompetenzen
· Offeren kenneléieren am Formida Echange als Inspiratiouns- an Léieruert
· Verdéiwung an d’Welt vun ondefinéierte Reschtmaterialien an hiren onendlechen (Ausdrocks-) Méiglechkeeten
· Vermëttlung vun enger oppener Haltung vis-à-vis vum Kand
· Beobachtung an Dokumentatioun als wichteg Outile vun der pedagogescher Aarbecht an der Wäertschätzung vum Kand
· Kenneléiere vu verschiddene Méiglechkeete fir Reschtmaterialien an alle Funktionsräim mat anzebannen
HARTMANN Anouk
Ekipp Formida Echange
www.formida.lu/formida-echange
arcus a.s.b.l.
Formateurs
HARTMANN Anouk