En détail

An dëser Formatioun iwwer KI am pädagogeschen Alldag gi Participanten an engem éischte Schrëtt op de courant bruecht am Sektor ‚consumer‘ KI. Verschidden Tools a Verwendungszwecker gi präsentéiert an erkläert, souwéi op hir méiglech Geforen higewisen. An engem zweete Schrëtt ginn e puer selektiv Etuden zum aktuelle Stand vu KI am non-formalen sou wei am formalen Educatiounsberäich ugesprach fir en Iwwerbléck zu de Meenunge vun Erzéiungspersonal sou wei jonke Mënschen ze ginn.

Weiderféierend ginn Exercicë gemaach an Diskussioune gehale fir d’Uwendung vu KI u Participante weiderzeginn. Hei gëtt et e besonnesche Fokus op effizient sou wei effektive ‚prompting‘ vu KI Tools, sou wei Tipps fir generell bekannte Problemer vu KI Tools (Halluzinatiounen, Falsch Informatiounen, asw.) ze ëmgoen oder ze vermeiden. Wärend de Fokus hei generell op Text Generatioun (LLMs -> ChatGPT, Claude, Gemini, CoPilot, etc.) ass, wäerte mer och op Biller, Audio a Video Generatioun agoen.

Formateurs

Laurent LANGEHEGERMANN