En détail
Vierwat sech aschreiwen ?
An dësem Cours geet et drëms vill Informatiounen iwwert de Schlof ze kréien. Verschidde Punkte gi behandelt:
- Schlofen am allgemengen (Firwat schlofen, Schlofrhytmus, Regulatioun vum Schlof, Cyclen asw)
- Ënnerscheed vum Kannerschlof zum Erwuessenenschlof
- D’Schlofentwécklung beim Kand
- Schlofsituatioun a Schlofritualer doheem an an der Betreiungsstruktur
- Wéi huet de Schlof sech am Laf vun der Zäit entwéckelt a wéi wäert een an Zukunft schlofen?
- Waat ass Co-Sleeping? Bedsharing?
- Wéi kann een e Kand an der Crèche gutt an de Schlof begleeden?
- Wéi eng Schlofproblemer ginn et?
- Tipps fir e gudde Schlof fir Grouss a Kleng
An dësem Cours ass vill Plaz fir Austausch a
Froen.
No dëser Formatioun sidd Dir an der Lag:
- D’Schlofentwécklung bei de Kanner besser verstoen
- D’Elteren doduerch besser begleeden
- D’Schlofsituation an der Crèche reflektéieren a verstoen
- Iwwert seng eege Schlofgewunnechte nodenken
Méthoden
Powerpoint,
Flipchart, Gruppenaarbecht, Austausch
Formateurs
FEDAS Luxembourg asbl
Tania Hemmer