En détail
Contenu et objectifs
An dëser Formatioun geet et drëms, d‘Grondtechnike vum Mountainbike a Form vu klenge Spiller an Übunge kennenzeléieren. Doniëft ginn d’Sécherheetsaspekter an d’Leedung vun engem Mountainbike-Grupp (mat Kanner oder Jugendlechen) thematiséiert.
Compétences à acquérir
- Ënnerschiddlech Beweegungsforme kenneléieren a selwer ausprobéieren
- Notzen a Prinzippie vun den Übungen fir d’Entwécklung vu Kanner erkennen
- Übunge fir Kanner plangen an ëmsetze kënnen. Prozess begleeden a konstruktiv drop reagéieren.
- Risiken a Geforen erkennen a virbeugen
- Inhalt vun der Formatioun analyséieren a reflektéieren (op eegene Gebrauch)
Méthodes appliquées
- Kuerz theoretesch Aleedung a Begleedung
- De Schwéierpunkt läit op der praktescher Ëmsetzung an Eegenerfarung vun den Teilnehmer
Formateurs
PICARD Yves