En détail
Fortbildungsbeschreibung
Mobbing ass an eisen Primärschoulen, an Gruppen, an Lycéeën sou wéi och op der Aarbechtsplaz an souguer an der Noperschaft leider trauereg Realitéit ginn. Dës Form vun der Gewalt gëtt meeschtens géint Mënschen ausgefouert, déi mei wierlos wéi anerer erschéngen. Dat Phänomen Mobbing ass awer net nei. Duerch den Internet an déi sozial Medien gëtt et nach verstäerkt an erliichtert den Täter d’ Anonymitéit. Dat systematescht Belästegen, Bloussstellen, Fäerdeg maachen an absichtlecht Ausgrenzen halen net mei no der Schoul oder der Aarbecht op, mee begleeden d’ Opfer matt bis Heem, um Smartphone, den ganzen Dag iwwer an souguer Nuets. Den Cybermobbing erreecht doduerch een nach mei grousst Publikum an nach mei grouss Dimensiounen vun Ausgrenzung.
Ziele und zu erwerbende Kompetenzen
· Participanten léieren wat Mobbing ass an wéi eng Konsequenzen dat kann matt sech zeien,
· Participanten léieren praxisnoh, wéi Gewalt an Opfer Roll verhënnert kann ginn
· Et ginn Méiglechkeeten zu Konflikt Léisung gewisen an ausprobéiert
· Participanten wäerten léieren sech selwer wouer ze huelen an hiewen sou hier Ressourcen erfier
· Selbstbewosstsinn vun den Participanten gëtt gestäerkt
· Duerch vill interaktiv Übungen gëtt den Participanten hier Kierper Sprooch bewosst gemaach
· Wichtegkeet vun Zesummenhalt an Teamgeescht léist keng Opfer zou
Sonstiges
· Dat Geleiert soll ausprobéiert ginn
· Participanten sollen sech an realistesch virkommend Situatiounen versetzen an Handlungsméiglechkeeten erschaffen
· Well mir eis och mol beweegen, sollen Participanten bequeem Kleeder droen.
Nancy HOLTGEN
Systemische Antigewalt- und Deeskalationstrainerin SAGT
Fortbilder-Qualifikation in Konfrontativem Stil (KonSt®)
Fachberaterin Mobbing MoPI
Life Coach
Traumapädagogik/Traumafachberatung
NH Lifecoaching & Training
Formateurs
HOLTGEN Nancy